Eliza 8086 a.s.b.l. – Info

Eliza 8086 a.s.b.l. – Info

Intro

Nu räichlecher Iwwerleeung an nodeems ech nu x Méint nach ëmmer net vun der Gemeng um Site vun den Associatiounen erwäänt ginn hunn ech Entscheedung getraff Eliza an ISeeT ze integréieren an net mei als eegestännege Projet lafen ze loossen.

Da een hei an der Péitenger Gemenger nëmmen eppes kritt wann een CSV Parteikaart huet an ech dat Spillchen net mat maache leeft et elo eben esou a wann ech eppes organiséiere well wei z.B. een Themenowend iwwert Internet Sécherheet oder een Ausfluch ob eng Convention oder an ee Musée dann halt eben ouni eis wonnerbar (net) Gemeng.

Ären perseinlechen Computer Club

Mir hunn dëse Club gegrënnt well et net genuch Informatiounen an Treffe gëtt fir Leit a Punkto Computer, allgemeng EDV oder virun allem iwwer Computer an Internet Sécherheet ze beroden oder informéieren.

Och wann et BeeSecure zum Beispill gëtt oder ee Rentner Club deen anere Rentner hëlleft, geet et an der haiteger Zäit bei wäitem nach net duer.

Mir hunn déi lescht Wochen a Méint esou villes an eisem Ëmfeld gesinn a gelies dass mir eis eben zu dem Schratt duerchgeronge hunn a mir hunn nach relativ vill Iddie wat mer eventuell soss nach maache kéinten.

Momentan ass Säit (Eliza Deel) nëmmen ob lëtzebuergesch a kennt och eventuell spéider mol franséisch eraus. De Problem ass dass et deier kascht (finanziell an Zäitopwand) ee Site Multilingual opzebauen. Jee nu Demande an aktive Memberszuelen ännert sech dat also villäicht.

Waat ass “Eliza”

ELIZA ass e vum Joseph Weizenbaum am Joer 1966 entwéckelte Computerprogramm, dee geduecht ass fir d’Méiglechkeete vun der Kommunikatioun tëscht engem Mënsch an engem Computer mat der natierlecher Sprooch ze demonstréieren.

De Weizenbaum huet den Numm ELIZA gewielt op Basis vum Spill Pygmalion vum George Bernard Shaw. De Programm ka verschidde Gespréichspartner mat Skripte simuléieren. Et ass bekannt gi fir déi iwwerflächlech Simulatioun vun engem Psychotherapeut, deen d’net-direktive Methode vun der Client-zentréierter Psychotherapie no Carl Rogers benotzt.

De Weizenbaum huet de Programm am MAD-SLIP fir en IBM 7094 geschriwwen, deen den CTSS Time-Sharing System vum Massachusetts Institute of Technology benotzt huet.

ELIZA kann als fréi Ëmsetzung vum Turing Test gesi ginn. Dësen Test huet en awer net gepackt well e Benotzer einfach erausfanne kann datt se mat enger Maschinn kommunizéiert.

Hei de Link ob Wikipedia

Waat bidden mer?

Iwwert Zäit wëlle mer Follgendes ubidden

  • Berodung ronderëm EDV asw.
  • Bedreiwe vun dëser Websäit mat Sammlung vun Informatioune ronderëm EDV, Internet an hier Sécherheet.
  • Austausch vun Informatiounen ob geleeëntlechen Treffe respektiv am Virfeld ausgemaachte Terminer fir zum Beispill eng  Kafberodung.
  • An Zukunft komme villäicht nach Servicer dobäi – déi ginn hei dann och ugekënnegt.

Eis Projeten

Folgend Projeten versichen mer emzesetzen falls et eis Meiglech ass

  • Mir wollte kucke fir ee Meeting 1-2 mol de Mound ze maache wou mer Leit ënnerstëtze mat hiren IT Problemer.
  • Mir versiche villäicht déi eng oder aner Rees ob eng Convention respektiv an e Musée ze organiséieren.
  • Falls ee Späicherplaz fir eng Websäit brauch kenne mer och eventuell hëllefe je nu Quantitéit déi gebraucht gëtt
  • Iwwert den ISeeT TV YouTube Channel huele mer déi eng oder aner Schoulung ob.
  • Mir loossen alles ob a kucke wat ee soss eventuell kann ëmsetzen oder och net.

Fazit

Zefridde Computer Notzer sinn eis Ziel!
Mir hoffen sou villen Leit wei méiglech kenne mat eisen Infoen a Berodungen ze hëllefen.